Skip to main content

Aufgab

Zanter 2005 bitt d’Gemeng Koplescht de Kanner aus der Gemeng, ab dem Precoce-Alter, eng Betreiungsstruktur. Dëse Service ass ab dem éischten Schouldag disponibel.

D’Haaptzil ass et, d’Entwécklung vun all Kand zu enger verantwor - tungsbewosster Perséinlechkeet géigeniwwer sech selwer a sengem Ëmfeld ze fërderen. 

D’Kand ass duerch säin Ëmfeld vu villen Aflëss gepräägt. Et befënnt sech an engem Entwécklungsprozess a brauch Hëllef an Ënnerstët - zung vun all den Erwuessene ronderëm et. 

Eng aner Prioritéit ass d’Erzéiung zur Selbststännegkeet an d’Iwwerhuele vu Verantwortung.

Zilsetzungen

  • de Kanner eng qualitativ héichwäerteg Betreiung bidden 
  • d’Mëttegstonn organiséieren an equilibréiert Moolzechten zerwéieren, déi op der Plaz virbereet ginn 
  • d’Elteren ënnerstëtzen a beroden 
  • en oppent Ouer hunn 
  • d’Wuelbefanne vum Kand sécherstellen 
  • d’Entwécklung vum Kand senge Fäegkeete fërderen 
  • d’Gemeinschaftsliewe verstäerken an d’Vermëttlung vu Wäerter wéi Toleranz, Participatioun, Diversitéit, Kommunikatioun a Respekt fërderen. 

Zil ass et, Bedéngungen ze schafen, déi dem Kand seng Entwécklung fërderen, an dobäi seng Perséinlechkeet an Individualitéit ze respektéieren. Ausserdeem gëtt déi schoulesch a sozial Entwécklung an engem Ëmfeld gefërdert, dat dem familiären Ëmfeld esouwäit et geet, adaptéiert ass. 

Et ass wichteg, datt d’Elteren an d’Personal vun der Maison Relais e gutt Verhältnis hunn. Dozou gehéiert e reegelméissege Kontakt an Austausch. 

An der Maison Relais gëtt Lëtzebuergesch geschwat. Et ass dem Kand seng Unterrechts- an Integratiounssprooch.

Bedeitung fir d'Kanner

  • eng agreabel Atmosphär, Spaass a Freed 
  • Wuelbefannen, d’Gefill, akzeptéiert a respektéiert ze ginn 
  • d’Recht, „e Kand ze sinn“ 
  • e sécheren an ofwiesslungsräiche Kader 
  • d’Méiglechkeet, ze experimentéieren an eegen Erfarungen ze maachen 
  • eng Plaz, fir seng Interessien an Talenter ze entwéckelen 
  • eng Plaz, fir Kolleegen ze fannen > Ënnerstëtzung bei den Hausaufgaben 
  • en ofwiesslungsräiche Programm an ënnerschiddlech Fräizäitaktivitéiten (Sport, Bastelen, Spiller, Musek, Natur asw), déi dem Alter an de Besoinen ugepasst sinn 
  • d’Méiglechkeet, Entscheedungen ze treffen (Spiller, Kolleegen, Aktivitéiten asw.) 
  • Bedeelegung vun de Kanner 
  • d’Recht, sech auszedrécken 
  • eng gesond an ofwiesslungsräich Ernärung

Schoulrestaurant

Eng Ekipp vun zwee Käch an enger Aide-cuisinière bereet d’Moolzechten op der Plaz vir, woubäi, grousse Wäert op frësch Produkter, Ofwiesslung an en ëmmer méi groussen Zougrëff op lokal oder biologesch Produite geluecht gëtt. 

De Restaurant vun der Maison Relais ass méindes bis freides vun 12:00 bis 13.50 Auer op. D’Iesse gëtt als Buffet zerwéiert. D’Kanner entscheede selwer, wéini a mat wiem se zu Mëtteg iessen a wéi laang se am Restaurant bleiwe wëllen. 

De Menü gëtt an der Maison Relais ausgehaang an op der Internetsäit publizéiert (www.maisonrelais-bridel.lu).

Aktivitéiten

Déi verschidden Equipe-pédagogiquë stellen dat ganzt Joer iwwer e Wocheprogramm mat ofwiesslungsräichen Aktivitéiten op. 

Eis Aktivitéiten ënnerstëtzen de Kanner hir Entwécklung a follgende Beräicher: 

  • Kreativitéit, Ästheetik a Konscht (Bastelen, Theater, Musekaktivitéiten, Danz, Rhythmus) 
  • Sprooch, Kommunikatioun a Medien (duerch Spiller, Bicher, Geschichten an Theater léieren, ze kommunizéieren, Wäertschätzung vun der Mammesprooch, Ausaarbechtung vun enger Zeitung vun de Kanner, fir d’Kanner, Aushänke vun den deeglechen Aktivitéiten, soudatt et fir jidderee visibel ass) 
  • Beweegung, Kierperbewosstsäin a Gesondheet (Aktivitéiten, fir d’Motorik, de Kierperausdrock an eng gesond Ernärung ze verbesseren, Stäerke vum Teamgeescht an der Gesellegkeet, Sport an alle Spillformen) 
  • Wäerter, Participatioun an Demokratie (Méiglechkeete fir Kanner schafen, fir Entscheedungen ze treffen an domat d’Bedeelegung, d’Initiativen an d’Iwwerhuele vu Responsabilitéit fërderen) 
  • Emotiounen a sozial Relatiounen (eng Vertrauensbezéiung tëschent de Kanner an dem Personal opbauen, léieren, zesummenzeliewen, den Teamgeescht an d’Gesellegkeet verstäerken, aneren hir Meenunge respektéieren, léieren, mat Emotiounen ëmzegoen) 
  • Naturwëssenschaften an Technik (Aktivitéiten an der Natur, fir ze léieren, se ze respektéieren an ze schätzen, e Gaart uleeën, mat allméiglechen ongeféierleche Géigestänn a Materialie léieren, ze experimentéieren an ze bauen).

Hausaufgabenbetreiung

An der Maison Relais bestinn d’Hëllef bei den Hausaufgaben an d’Étude-surveilléeën doran, de Kanner e positive Kader ze bidden, wou se d’Hausaufgaben eleng an an engem rouegen Ëmfeld kënne maachen, mat enger entspriechender Surveillance an Ënnerstëtzung. 

D’Qualitéit vun dëser Aarbecht gëtt duerch e reegelméissegen Austausch an eng enk Zesummenaarbecht mam Léierpersonal séchergestallt.

Wéi kann een déi verschidde Servicen an Usproch huelen

Fir déi ugebuede Servicen notzen ze kënnen, muss d’Kand iwwer en Umeldungsformulaire an eng ënnerschriwwe Kopie vum Règlement interne ageschriwwe sinn. Dës zwee Dokumenter sinn an der Maison Relais selwer, op der Internetsäit vun der Maison Relais oder am Biergerzenter zu Koplescht disponibel. 

D’Internetsäit vun der Maison Relais ass zu enger zentraler Informatiounsquell fir jidderee ginn. Dorop fënnt een d’Umeldungsformulairë fir d’Vakanzen, de Règlement interne vun der Maison Relais, Informatiounen iwwer de Fonctionnement vun der Maison Relais, de Programm vun de verschiddene Cyclë souwéi d’Menüen.

Finanziell Bedeelegung

Déi finanziell Bedeelegung gëtt iwwer de System vun de Chèqueservicen (ënner der Verantwortung vum Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend) gereegelt. D’Eltere si gebieden, sech bei der Gemengeverwaltung Koplescht an de System vun de Chèque-servicen androen ze loossen.

Kontakt

Adress

Maison Relais Bridel 

4, rue F.-C. Gerden 

L-8132 Bridel 

Kontaktdaten

Chargée de direction : T. : 27 327 - 811 / mre@kopstalschoulen.lu 

Responsabel Administratioun : T. : 27 327 - 812 / mre@kopstalschoulen.lu 

Cycle 1 : T. : 27 327 - 814 / cycle1.mre@kopstalschoulen.lu 

Cycle 2 : T. : 27 327 - 816 / cycle2.mre@kopstalschoulen.lu 

Cycle 3 : T. : 27 327 - 818 / cycle3.mre@kopstalschoulen.lu 

Cycle 4 : T. : 27 327 - 820 / cycle4.mre@kopstalschoulen.lu 

Internetsäit 

www.maisonrelais-bridel.lu 

Ëffnungszäiten

Méindeg, Mëttwoch, Freideg 

  • vu 07:00 bis 07:50 Auer 
  • vun 11:35/11:45 bis 13:50 Auer 
  • vu 15:45/15:50 bis 19:00 Auer 

Dënschdeg, Donneschdeg 

  • vu 07:00 bis 07:50 Auer 
  • vun 11:35/12:15 bis 19:00 Auer 

Wärend de Schoulvakanzen 

  • vu 07:00 bis 19:00 Auer 

Wärend dem Schouljoer 2023/2024 ass d’Maison Relais zou: 

  • Mëttwoch, den 1. November 2023 (Allerhellegen) 
  • Méindeg, de 25. Dezember 2023 (Chrëschtdag) 
  • Dënschdeg, den 26. Dezember 2023 (Stiewesdag) 
  • Méindeg, den 1. Abrëll 2024 (Ouschterméindeg) 
  • Mëttwoch, den 1. Mee 2024 (Dag vun der Aarbecht) 
  • Donneschdeg, den 9. Mee 2024 (Europadag) 
  • Donneschdeg, den 9. Mee 2024 (Christi Himmelfaart) 
  • Méindeg, den 20. Mee 2024 (Péngschtméindeg) 
  • Donneschdeg, de 15. August 2024 (Maria Himmelfaart) 

D’Maison Relais ass um schoulfräien Dag (Mëttwoch, de 6. Dezember 2023 - Kleeserchersdag) vu 7:00 bis 19:00 Auer op.

Inscription 2025-2026