Aschreiwung Schouljoer 2024-2025
Schoulpflicht
Legal Basis iwwert d'Schoulpflicht an d'Anhale vun dëser
Arrivée aus dem Ausland
Wann Dir aus dem Ausland kommt a wann Äert Kand fir d'éischte Kéier zu Lëtzebuerg an d'Schoul geet, ass et néideg, niewt der formeller schoulescher Aschreiwung vum Kand, de Service de l’intégration et de l’accueil scolaires (SIA) ze kontaktéieren.
Fir méi Informatiounen kënnt Dir follgende Link opruffen:
Aschreiwung nei Awunner
Precoce
Nëmme Kanner, déi op den 1. September 3 Joer al sinn, si fir de Precoce zoulässeg. D'Aschreiwung a Visitt vum Precoce ass net obligatoresch.
Fir Äert Kand fir de Precoce (Cycle 1) anzeschreiwen, biede mir Iech den Online-Formulaire auszefëllen oder de Formulaire am .pdf Format hei drënner erofzelueden, auszefëllen a per E-Mail un population@kopstal.lu oder per Post un de Populationsbüro · 1 -3, rue Nicolas Goedert · 8133 Bridel zeréckzeschécken.
Formulaire am .pdf Format eroflueden
Grondschoul
D’Lëtzebuerger Awunner, déi hiert Kand an d’Grondschoul (Cyclen 1.1 bis 4.2) wëllen aschreiwen, si gebieden den Online-Formulaire auszefëllen oder de Formulaire am .pdf Format hei drënner erofzelueden, auszefëllen a per E-Mail un population@kopstal.lu oder per Post un de Populationsbüro · 1 -3, rue Nicolas Goedert · 8133 Bridel zeréckzeschécken.
Formulaire am .pdf Format eroflueden
Kontakt
Biergerzenter
Auerzäiten
Méindes bis freides
07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00
