Skip to main content

Modalitéiten

Är mannerjäreg Kanner ginn op een Ausfluch an d'Ausland oder an d'Vakanz mat enger drëtter Persoun?

Da brauche si een Dokument wat "autorisation parentale" genannt gëtt. Dëst Dokument ass prinzipiell eng Legaliséierung vun der Ënnerschrëft vun engem Elterendeel oder Erzéiungsberechtegten, deen d'Rees vum mannerjärege Kand autoriséiere kann.

Fir dëst Dokument aushännegen ze kënnen, ass et essenziell, datt den zoustännegen Elterendeel oder Erzéiungsberechtegte perséinlech an de Populatiounsbüro mat sengem Identitéitsdokument kënnt.

De Formulaire hei drënner kann am Viraus erofgelueden an ausgefëllt ginn, mee nach ouni Ënnerschrëft! Dono kënnt Dir an de Populatiounsbüro kommen an d'Ënnerschrëft sur place legaliséiere loossen (fir méi Informatioune kënnt Dir op de Link "Legaliséierung vun der Ënnerschrëft" hei drënner klicken). 

Kontakt

Biergerzenter

1-3, rue Nicolas Goedert 8133 Bridel

population@kopstal.lu

27 327 222

Auerzäiten

Méindes bis freides

07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00