Skip to main content

Modalitéiten

De chèque-service accueil gëtt vum Populatiounsbüro am Numm vun der Zukunftskeess (Caisse d'Allocations Familiales) ausgestallt. En ass obligatoresch fir e Kand an enger Crèche oder an enger Maison Relais anzeschreiwen.

Wat d'Opstellung vun engem Kontrakt fir de chèque-service accueil ugeet, besicht wgl. de Link hei drënner.

Néideg Dokumenter

Fir de chèque-service unzefroen, musse follgend Dokumenter virgewise ginn:

  • Matrikulsnummer vum Kand
  • D'Steiererklärung déi vun der Steierverwaltung etabléiert ginn ass. Beim Feelen vun der Steiererklärung muss een Zertifikat ofgi ginn, dee seet, datt d'Persoun net verflicht ass, eng Steiererklärung ze maachen.
  • déi lescht dräi Paiziedele vum Stot

Kontakt

Biergerzenter

1-3, rue Nicolas Goedert 8133 Bridel

population@kopstal.lu

27 327 222

Auerzäiten

Méindes bis freides

07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00