Helpline Croix-Rouge
Eng Sozial Helpline
D'Croix-Rouge stellt der Ëffentlechkeet an de Professionellen eng sozial Hëllefslinn zur Verfügung fir eng adaptéiert Ënnerstëtzung ze bidden.
D'Helpline kann Iech a verschiddene Beräicher hëllefen:
- Wunnen
- Immigratioun
- Famill
- Aner sensibel Sujeten ewéi Familljekonflikter, Aarbechtslosegkeet, finanziell Schwieregkeeten a psychesch Problemer
D'Helpline vun der Croix-Rouge kann zousätzlech zum Office social kontaktéiert ginn.
Eng optimal Assistenz
Déi sozial Helpline, déi Dir ënnert der Nummer 2755 erreeche kënnt, gouf ageriicht fir de Grand public an de Professioneller, eng optimal Hëllef a Berodung an de Beräicher vun de Kanner a Jugendlecher an am sozialen an humanitäre Beräich unzebidden.
Zwee Sozialaarbechter këmmeren sech ëm:
- Hëllef an Ënnerstëtzung fir d'Leit déi uruffen
- Informatiounen zu engem soziale Problem
- Uriff beäntweren an un déi passend Hëllefsstruktur weider orientéieren
- Situatioune wou Spezialiste gebraucht ginn
- Uriff vun anere Sozialaarbechter beäntweren
- Noutriff
Kontakt
Adress
13, rue de Bragance
L- 1255 Luxembourg
Telefonsnummer
T. : 2755
vu méindes bis freides tëschent 7.00 Auer an 18.00 Auer (d'Uriff sinn anonym)
helpline.sociale@croix-rouge.lu
Internetsäit
https://www.croix-rouge.lu/de/service/helpline-sociale-ein-ansprechpartner-fur-viele-falle/
