19h00-23h00
D’Engelcher vu Schëndels (7ten November)
Di tragesch Geschicht vun den “Engelcher vu Schëndels” huet sech tëscht 1932 an 1934 ofgespillt
.
Europa ass voll an der Wirtschaftskrisis. Onstabil Währungen a Massenaarbechtslosegkeet dreiwen
dausenden an dausenden Leit an den Aarmut. Och zu Lëtzebuerg wiist de Chômage an et
geet ville Leit schlecht. .
An deem verschlofenen Dierfchen Schëndels, nët wait ewech vu Miersch, kënnt an dëse Krisenzäiten
en Trio vun onéierlechen Noperen op d‘Iddi sech um Bockel vun enger 80 Joër aler, frommer
Witfra duerch kromm Tricken ze beräicheren. Di guttgleeweg Katharina Kerzmann kritt Bréiwer
vun den Engelen, der Muttergottes Maria an esouguer dem Herrgott perséinlech geschéckt.
Wat vläicht als kleng Gaunerei ugaangen ass, gouf schnell e skrupellose Bedruch, well ëmmer
méi däer Heesche-Bréifer kritt di liichtgleweg Fra “aus dem Himmel” geschéckt.
Die Geschicht spëtzt sech ëmmer méi zou an et kënnt zum Drama well den onéierlechen Trio
keng Grenzen méi kennt a versicht der Witfra Hab a Gudd ze ergauneren.
Am Duerf selwer, zu Schëndels, ass Gras iwwert di tragesch Affär vun den Engelcher gewuess a
bis haut läit esou eppes wéi eng “chape de plomb” iwwert deem Ganzen.
De Film versicht un Hand vun de Prozessakten an den Zäitzeien déi dramatesch Geschicht iwwert
“d’Engelcher vu Schëndels” esou getrei a realistesch wéi méiglech erëm ze ginn a weist, dass
d’Wierklechkeet méi staark ka sinn wéi d’Fiktioun.