Bau vun der neier Maison Relais
De Projet
Text an Illustratiounen: Polaris Architects Sàrl
An der Gemengerotssëtzung vum 13. Juli 2022, huet de Gemengerot eestëmmeg de Projet définitif iwwert d'Konstruktioun-Renovatioun vun der Maison Relais um Briddel gestëmmt. Fannt hei drënner eng Presentatioun an een Iwwerbléck iwwert de Projet.
Implantatioun um Site
D'Gemeng Koplescht huet Polaris Architects mam Projet vun der Mise en conformité an d'Transformatioun vun der besteeënder Maison Relais, déi sech um Schoulcampus befënnt, beoptraagt. Ausserdeem sollen si och um Projet vun der neier Annex vun der Maison Relais schaffen déi an Zukunft dem demografesche Wuesstum vun der Gemeng, an domadder och der wuessender Demande fir méi Kanner ze empfänken, gerecht ze ginn.
Eng Analyse vun de schouleschen an ausserschouleschen Aktivitéiten hunn dozou gefouert fir d'Iwwerleeungen op enger Urbanisteschen Aspekt am Kader vum ganze Quartier ze féieren. Doropshin ass de Masterplang fir de ganze Schoul- a Sportcampus entstanen.
Beim Bau vun der neier Maison relais gëtt och dat zukünftegt Entwécklungspotenzial vum Site mat a Consideratioun geholl. Zousätzlech sollen d’Aarbechten zur Verbesserung vun de funktionellen, landschaftlechen an ekologe-schen Eegenschafte vum Campus bäidroen.
De geschätzten Effektif entsprécht dem viraussichtlechem Wuesstum vun der Kapazitéit vum Accueil par rapport zur aktueller Situatioun.
Konkret besteet dëse Projet aus der neier Extensioun an dem Ëmbau vun der bestehender Maison Relais wat den Accueil vun insgesamt 450 Kanner garantéiere wäert. Konform mam aktuelle Reglement entsprécht dat enger Surface vun 1.350 m.
Op Basis vun der ausgerechenter Surface d'accueil, ass déi komplett Planung vun der neier Konstruktioun a vum besteeënde Gebai zesumme mam Exploitant (Caritas) geplangt ginn. Dobäi ass géi gesamt Bruttofläch vun 3 600 m2 fir déi nei Annex an 1 500 m2 fir de besteeënden Deel geschat ginn.
D'Implantatioun déi fir d'Extensioun vun der Maison Relais zeréckbehale gouf besteet aus engem dräistäckege Pavillon a gëtt esou un déi aktuell Maison relais bäigebaut, datt déi zwee Gebaier duerch en zentralen Ausgangspunkt (do, wou sech aktuell de Schacht vum Lift befënnt) matenee verbonne sinn. Esou ass een direkten Accès zu allen Niveaue vu béide Gebaier méiglech.
D’Annex a Form vun engem Polygon ass d’Resultat vun enger Analys, déi sécherstelle sollt, datt den Interieur vum Gebai a Relatioun mat der Ëmgéigend steet. D’Zil ass et, der Maison relais eng eegen a modern Identitéit ze ginn an déi nei Entrée vum Schoulcampus, deen sech nieft de Sportsinfrastrukture befënnt déi rezent vun der Gemeng gebaut gi sinn, ervirzehiewen.
D'Gebai steet an der Richtung vum Hang a seng generell Volumetrie integréiert sech an d'Topografie. Déi eenzegaarteg Form vun der neier Annex bilt een harmoneschen Iwwergang zur Maison Relais, zum Schoulgebai an zu de Residenzen an Haiser déi sech am Quartier befannen.
D'Annex vun der Maison Relais wäert sech op engem Deel vun der Rue J-F Kennedy befannen. Déi ënnerierdesch Reseauen si schonn am Joer 2020 emgeleet gi fir dass dëse Projet ze erméiglechen.
Den Haaptagang fir an d'Gebai befënnt sech an der Rue François-Christian Gerden. Eng zweet Entrée befënnt sech hannert dem Gebai fir d'Kanner déi aus der Rue J-F Kennedy kommen.
Konzept vun der Stuktur, Fassad a Materialien
Déi nei Annex gëtt ënnert dem Prinzip vun engem gemëschte Konstuktiounssystem gebaut. D'Betonssailen an d'Placken erlaben et de Grondrëss fräi ze halen an d'Ënnerdeelung vun de Räim mat enger liichter Konstruktioun ze maachen. Dëst erméiglecht et an Zukunft d'Notzung an d'Ariichtung vun de Säll ganz einfach ëmzeänneren.
Alleng déi teschnesch Bléck ewéi d'Trapen, d'Sanitären an de Lift wäerten aus Beton gebaut ginn. D'Wänn an d'Fassad wäerten aus Elementer bestoen déi net droend sinn an op d'Betonsplacken ugeluecht ginn.
D'Fassad mat den Holzkaderen an eng Partie vum Dach wäerte mat Zénk bekleed ginn. D'Notzung vum Zénk huet direkt e puer Virdeeler: dëst Material ass zäitlos, liicht, ekologesch a brauch keen Entretien.
D'Fassade vum Gebai wäerten aus Zénk mat Stehfalz sinn. D'Breed vun den Zénksträife wäerte variabel sinn a brénge soumadd ee Mouvement/Rhythmus an d'Fassad.
Funktiounen
D'Zil vum Projet ass et enger Säits d'Mise en conformité an d'Transformatioun vum bestoende Gebai an aneresäits d'Konstruktioun vun enger Annexe zur aktueller Maison Relai esou dass d'Gebaier eng Eenheet bilden déi bis zu 450 Kanner empfänke kann. Déi verschidde Funktioune sinn iwwer véier Stackwierker verdeelt: de Keller an déi dräi Etagë vun der Maison relais selwer.
De Keller gëtt fir d'Maschinerie an als Stockage an den Archivage genotzt. Et sinn ongeféier 320 m2 Stockage déi vu bannen an awer och vu baussen iwwert ee Monte-charge accessibel sinn. De Stockage ass op 5 Räim verdeelt.
Um Rez-de-Chaussée gëtt et en ofgetrennte Beräich fir Kanner ënner véier Joer. Hei ass Plaz fir 76 Kanner. Hei befanne sech och administrativ Raimlechkeeten an d’Kichen.
D’Kiche ka bis zu 450 Kanner bekäschtegen.
Den 1. an den 2. Stack si fir Kanner iwwer véier Joer geduecht. Um 1. Stack befanne sech Raim fir verschidden Aktivitéiten an d’Kantin. Ab dem 2. Stack gëtt et eng separat Trap, iwwer déi een op den 3. Stack vum bestoende Gebai a vun der Annex kënnt.
Um drëtten an ieweschte Stack vum Neibau gouf en Ekologie- an Naturatelier ageriicht, dee mat enger pedagogescher Zär verbonnen ass, déi sech um begréngten Daach befënnt, zu deem d’Kanner keen Accès hunn.
Solarpanele ginn zu Demonstratiouns- a pedagogeschen Zwecker installéiert.
Den 3. Stack vum aktuelle Gebai wäert liicht adaptéiert gi fir dass e konform zu den aktuellen Securiteits a Brandschutz Virschrëften ass. Ausser dass eng Wand an eng Dier installéiert ginn, bleift dëse Stack esou wéi en ass an dierf just nach als Stockage genotzt ginn an net als Aktivitéitssall.
Avancement vum Projet - Mäerz 2024
Fotoen: Max Staus
D’Aarbechte fir déi nei Maison relais hunn am Februar 2023 ugefaangen. Ee Joer méi spéit sinn d’Réibauaarbechten ofgeschloss an d’Straussfeier konnt am Mäerz 2024 ofgehale ginn. An enger nächster Etapp gëtt elo un der Fassad, um Interieur an um Bausseberäich geschafft.
D’Aarbechte sollen am Laf vum Joer 2025 ofgeschloss ginn, esou datt d’Maison relais d’Kanner ab September 2025 fir dat neit Schouljoer begréisse kann.
Nom Ofschloss vun dëse Bauaarbechte kann den Ëmbau vun der bestoen-der Maison relais a vun der Kichen ufänken.
