Skip to main content

Sanéierung "Al Schoul" zu Koplescht

Iwwersiicht vum Avant-projet

Text an IIlustratiounen: Atelier b architects – Christian Barsotti & associés 

Fotoen: Heng Nilles

Dat historescht Gebai vun der Kopleschter Grondschoul gëtt deemnächst sanéiert. Déi al Schoul, déi spéider als Pompjeesbau genotzt gouf, ass schwéier ze iwwersinn. Vum Parking vum Centre culturel Wirtspesch aus huet een eng gutt Vue op dat aalt Gebai, dat sech an der Rue Schmitz befënnt. Enn 2023 goufen Asbestsanéierungsaarbechten duerchgefouert an als nächst sti Stabiliséierungsmoossnamen um Programm. Wann dës Aarbechte fäerdeg sinn, kann d’Gebai restauréiert ginn. An dësem Artikel gitt Dir méi gewuer. 

Bestandsopnam 

Dëst Gebai an der Rue Schmitz staamt aus dem 19. Joerhonnert. Dat zweestäckegt Schoulgebai huet e partielle Keller aus Sandsteen. D‘Struktur vum Gebai deit drop hinn dass et zu engem bestëmmten Zäitpunkt staark verännert gouf. Haut ass et an der Hand vun der Gemeng a gehéiert zu de geschützte Gebaier vun der Gemeng. Den eenzegen Accès zum Keller befënnt sech baussen op der Récksäit vum Gebai. Déi aner Stäck sinn iwwer déi ursprénglech Entrée an der Rue Schmitz accessibel an och dat aalt Trapenhaus ass erhale bliwwen. 

D’Grondstruktur vum Rez-de-chaussée, wéi och vum éischte Stack, besteet aus engem Trapenhaus, engem Virraum, wou sech och déi al Entrée vun der Rue Schmitz befënnt, an engem grousse Raum mat Fënsteren op dräi Säiten. Am 20. Joerhonnert krut d’Gebai eng nei Funktioun als Pompjeesbau. Dofir gouf op der Südsäit en zweeten, méi groussen Accès geschaf, deen et haut nach gëtt. 

Déi grouss Fënsteren, déi typesch si fir Schoulgebaier, si vu Sandsteemaueren ëmginn, déi gréisstendeels erhale bliwwe sinn. De Verbotz vun der aler Fassad an déi stenge Corniche- Elementer sinn och gréisstendeels erhale bliwwen, sinn awer op ville Plaze beschiedegt. Och de Schiferdaach zeechent dëst Gebai aus. 

Ëmbau a Renovatioun 

Dat historescht an denkmalgeschützt Gebai, dat sech am Duerfkär befënnt, muss fir d’éischt emol ëmgebaut, sanéiert a revitaliséiert ginn, fir den neie Besoine vun der Gemeng gerecht ze ginn. Donieft muss et iwwer e gemeinsaamt Trapenhaus an e Lift un dat neit Gebai vum Centre culturel Wirtspesch ugebonne ginn. 

D’Detailer zur Realisatioun heivunner sinn nach net bekannt. D’Sanéierungsaarbechte wäerten dëst awer berücksichtegen an, esou wäit et méiglech ass, virbereeden. 

De groussen Agang zur Südsäit um Rez-dechaussée wäert als nei Entrée fungéieren. Duerch de Portal gelaangt een an de Foyer, wou och eng kleng Kichen an e Comptoir Plaz fanne wäerten, an dann direkt an de grousse Sall. Dat aalt Trapenhaus an der fréierer Entrée gëtt erhalen a restauréiert. 

An dat klengt Virzëmmer um Rez-de-chaussée kënnt eng Toilette fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit, wärend déi einfach Toilettë sech am selwechte Raum ee Stack driwwer befannen. 

De Rescht vum Stack soll als oppenen, polyvalent asetzbare Raum déngen. E kann zum Beispill als Versammlungsraum genotzt gi mat enger Bibliothéik an engem Liesberäich. 

Op der banneschter Dromauer gëtt eng Etagère mat deelweis oppenen, deelweis zouene Gefaacher installéiert, déi bis ënner den Daach geet an insgesamt 60 Meeter miesst. Am Géigesaz zu engem Archiv huet een esou zu all Moment all d’Ressourcë virun Aen. D’Bicher an déi ausgestallten Objete sinn en integrale Bestanddeel vum Raum an droen zur Atmosphär bäi. 

Bauaarbechten a Material 

D’Sanéierung erfuerdert Réibauaarbechten an d’Ofrappe vu vereenzelten Elementer. Net-droend Bannemauere gi wechgerappt. De Plaffong an de Buedem ginn no aktuelle Standarden erneiert. 

Wéi eng Deeler vum ale Gespär iwwerholl kënne ginn a wéi d’Mauerholz installéiert soll ginn, muss nach mam Statiker gekläert ginn. 

Den Daach gëtt da mat Schiferplacke gedeckt an thermesch isoléiert. D’Zil ass et, d’Gebai bannendran esou attraktiv wéi méiglech ze gestalten an den alen Daachstull an den héije Plaffong um ieweschte Stack ervirzehiewen. 

D’Bannemauere musse gebotzt a fir déi bannescht Isoléierung mat Holzfaserplacke preparéiert ginn. Dorobber kommen da Gipsplacken, déi verbotzt ginn. D’Fënstere ginn duerch nei Holzfënstere mat Isoléierglas ersat, déi den historesche Charakter erëmspigelen. 

Déi bannescht Diere gi sou wäit et geet restauréiert. Dat aalt Trapenhaus muss a Stand gesat an erhale ginn. Dofir muss fir d’éischt d’Stabilitéit gepréift ginn, fir ze kucken, ob et reamenagéiert muss ginn. 

D’Erhale vum ursprénglechen Trapenhaus bedeit, datt sech op klengem Raum zwou Trapen an e Lift befannen, falls den ieweschte Stack fir de Public zougänglech gemaach gëtt. Den éischte Stack soll en Holzbuedem kréien, wärend fir de Rez-de-chaussée e Steebuedem virgesinn ass. 

An Accord mat dem INPA, soll déi baussecht Fassad mat traditionellem Kallekbotz verbotzt a mat Mineralfaarf ugestrach ginn. Och d’Corniche an d’Natursteng ronderëm d’Fënstere musse gebotzt, kontrolléiert a gefléckt ginn, ier ugestrach ka ginn. 

Technesch Installatiounen 

D’Gebai soll un déi nei Zentralheizungsanlag ugeschloss ginn, déi net wäit fort ass. D’Waasser gëtt dezentraliséiert duerch kleng Boilere gehëtzt. De Loftwiessel an d’Ventilatioun sollen duerch eng kleng Belëftungsinstallatioun garantéiert ginn, déi sech direkt ënner dem Daach an iwwer dem Sanitär befënnt. 

Fir d’Beliichtung ass virgesinn, datt LED-Luuchten am Plaffong installéiert ginn, déi d’Raimlechkeete geziilt, effikass a waarm beliichten. Och aner Raim, mat Ausnam vum grousse Sall, wäerten, ofhängeg vun hirer Funktioun, mat LED-Luuchten ekipéiert ginn, déi mat engem Beweegungssensor funktionéieren.