Skip to main content

Reamenagement vun der rue Lucien Wercollier um Briddel

De Projet

Text & Illustratioun: Schroeder & Associés

Fréier war d’Rue Lucien Wercollier eng Nationalstrooss (CR 181), deemools och bekannt als Rue de Strassen. Eréischt 19 Joer nodeems de Contournement an de Rond-point um Briddel fäerdeg gebaut ginn ass, gouf d’Rue Lucien Wercollier am Dezember 2021 als Gemengestrooss reklasséiert. Elo ass et méiglech dës Strooss ze reamenagéiere fir d’Bedierfnisser vun den Awunner gerecht ze ginn. De Projet ëmfaasst eng Gesamtfläch vu 6.800 m2 op enger Längt vu 450 m. Am Amenagement ass eng Verkéiersberouegung virgesinn esou wéi 34 Parkplazen, d’Uplanzung vu 60 Beem an d’Ariichtung vun enger Zone de rencontre fir d’Zesummekomme vun den Awunner ze fërderen.

Mobilitéitskonzept 

Bei den Aarbechten un der Rue Lucien Wercollier steet d’Mobilitéit am Vierdergrond: 

  • Zone 30 km/h: Vum Ufank vun der Rue Lucien Wercollier bis bei d’Rue Henri Thill gëtt d’Vitess op 30 km/h limitéiert. 
  • Zone résidentielle 20 km/h: D’Strooss gëtt vun der Kräizung mat der Rue Henri Thill u bis zum Schluss als Zone résidentielle amenagéiert. Hei ass d’Vitess op 20 km/h limitéiert. 

D’Haaptzil ass et, de Verkéier ze berouegen a méi Sécherheet fir d’Foussgänger an d’Vëlosfuerer ze garantéieren. 

Duerch d’Differenzéierung vum Tapis loosse sech déi zwee Vitess-Beräicher besser vuneneen ënnerscheeden. 

Zousätzlech wäerten déi nei Lieux de rencontres mat Sëtzgeleeënheeten ausgestatt sinn, fir e méi frëndlecht Ëmfeld ze schafen an d’Gefill vu Gemeinschaft ënner den Awunner ze stäerken.

Technesch Aspekter 

De Projet ëmfaasst ëmfangräich Erneierunge vun der technescher Infrastruktur: 

  • Drénkwaasserleitungen: Et ass essenziell, datt dës ersat ginn, fir d’Versuergung vun der ganzer Gemeng ze verbesseren. 
  • Reen an Ofwaasser: Installatioun vun enger neier Reewaasserachs an Erneierung vun der Ofwaasserachs. 
  • Gasleitung: Installatioun vun enger neier Leitung fir eng besser Gasdistributioun ze garantéieren. 
  • Stroumnetz: Moderniséierung an Erneierung vun de Strouminfrastrukturen.
  • Glasfaserverbindung: Nei POST-Verbindung mat Glasfaser, fir déi digital Connectivitéit ze verbesseren. 

Oflaf vun den Aarbechten 

Wärend der Bauphas gëllt e prezise Phasage vun den Aarbechten: 

  • Verkéier: Eng Spuer bleift op an de Verkéier gëtt mat roude Luuchte gereegelt, fir d’Verkéiersbehënnerung ze minimiséieren. 
  • Accès zu Privatterrainen: Den Accès zu den Haiser gëtt iwwer déi gesamt Dauer vum Chantier garantéiert. 
  • Fermeture exceptionnelle: D’Strooss ass wärend 48 Stonne fir de Verkéier gespaart, wann den Tapis geluecht gëtt, wat eng detailléiert Planifikatioun verlaangt, fir den Impakt op de Stroosseverkéier ze limitéieren.

Dësen ambitiéise Projet soll d’Rue Lucien Wercollier an e méi frëndlechen, sécheren an nohaltege Raum ëmwandelen an an engems déi fundamental Infrastrukture moderniséieren.

Presentatioun vum 24.01.2024 – Schroeder & Associés