Skip to main content

Nei Morgue a Renovatioun vum Briddeler Kierfecht

De Projet

Text an Illustratiounen: At architecture 

Fotoen: Romy Schouten, Max Staus, Heng Nilles, Raoul Weicker, Lehmwerk Kleinfahner

An der Gemengerotssëtzung vum 21. Februar 2023, huet de Gemengerot eestëmmeg den Avant-projet définitif iwwert d'Konstruktioun vun enger neier Morgue um Briddeler Kierfecht gestëmmt. D'Aarbechte beinhalten den Entworf vun enger neier Entrée vum Kierfecht, de Bau vun enger Kapell, souwéi eng Rei Kolumbarien. D'Bauaarbechten vun der Morgue hunn Ufank 2024 ugefaangen.

En urbanen an architektonesche Projet 

D'Transformatioun vum Briddeler Kierfecht, souwéi de Bau vun enger Kapell an neie Kolumbarien erfuerdert eng sensibel Approche fir d'Entwécklung vum Projet. Den Architekt huet sech Méi ginn, Plazen ze kreéieren déi roueg a mat Dignitéit gefëllt sinn. De Projet muss gläichzäiteg eng architektonesch Sprooch fannen, déi et erméiglecht, de Briddeler Kierfecht als neutral Plaz ze weisen, oppe fir d'Begriefnis vu Leit ouni reliéise Glawen. D'Analys vun der Situatioun vum bestoende Kierfecht an dem Site am Allgemengen, huet eis wäertvoll Informatioune fir den Design vum neie Projet geliwwert. Wéi vum Schäfferot gefrot, goufen e puer Aspekter fir d'Entwécklung vun dësem Projet berécksiichtegt:

  • Konzeptioun vun engem neien Aganksberäich um Kierfecht mat enger PMR-gerechter Toilette;
  • Paschtoueschzëmmer mat Garderob an Dusch;
  • Technesch Zëmmeren an Annexen: Keeltraum, Raum fir Gaardegeräter a Stockage;
  • Kapell a Streewiss déi bis zu 70 Leit ophuele kann;
  • Zousätzlech 30 neie Kolumbarien (mat der Méiglechkeet fir der nach 15 derbäi ze setzen) - 12 Stèlen fir d'Urnen (30x4 Urnen);
  • Allgemeng Reflexioune fir d'Gesamtvisioun vum Kierfecht ze verbesseren.

Implantatioun

D'Analys vun der urbaner Situatioun mat der Lag vun der Briddeler Kierch huet d'Plaze vun den neie Kierfechtskonstruktiounen definéiert.

Eng Achs, déi de Site duerchkreest, vun der Haaptentrée vun der Kierch iwwert de Kierfecht, liest sech wéi déi nei Haaptlinn, laanscht déi déi nei Gebaier vum Projet wäerte stoen. Sou verbënnt dës Linn d'Kierch an enger riichter Linn mat der Haaptentrée vum Kierfecht a geet weider a Richtung neien Zentrum vum Projet, wou op béide Säiten d'Kapell, d'Streewiss an déi nei Kolumbarie stoe wäerten. 

De Projet bitt also eng kloer Struktur a bestëmmt eng nei Zentralitéit fir de Kierfecht mat enger staarker visueller Achs.

Architektur

Den neien architektonesche Projet entwéckelt déi follgend architektonesch Konzepter:

  • Ganz einfach Forme fir d'Gebaier fir den Accueil an d'Kapell; 
  • Subtil Implantatiounen a staark konzeptuell Iddie fir d'Konstruktiounen;
  • Nohaltegt Material;
  • Harmoniséiert Gesamtsiicht mat der neier Buedembedeckung op den Haaptoderen.

D'Kapell an d'Streewiss

Den Espace vun der Kapell an dem Déambulatoire ronderëm d'Streewiss fusionéiere mateneen, sou dass de Gesamtplang an d'Inspiratioun der architektonescher Typologie vun engem fréiere Klouschter entsprécht. 

Wéi eng Klouschtergalerie mat Vue op säi Bannegaart, generéiert den Déambulatoire, deen a Form vun enger metalle Konstruktioun mat hëlze Late materialiséiert ass, eng intim Versammlung ronderëm d'Streewiss.

Déi kreesfërmeg Form an ursprénglech Plaz vun der Wiss gi bäibehalen. D'Roll vum Déambulatoire ass et, d'Leit bei engem Begriefnes zum Beispill ze decken a viru Reen a Sonn ze schützen. Sëtzplaze sinn an der Konstruktioun vum Déambulatoire virgesinn.

D'Kapell besteet ënner anerem aus enger Mauer a Form vun engem "U" aus Pisé. Op dëser Mauer läit eng Dall, déi den Andachtsraum vun der Kapell iwwerdeckt, déi direkt un der Streewiss läit. 

D'Kapell soll eng oppe Plaz duerstellen, ee permeabelen Ënnerdaach zu de Wiederkonditiounen, mee andeems e viru Wand a Ree schützt.. Eng Ouverture dem Zenit zou erlaabt et net nëmmen aussergewéinlech Luucht an der Kapell ran ze loossen, mee léisst och d'Element vum Waasser an dëse mat Emotioune geluede Raum ran. Einfach minimalistesch Miwwele mat e puer Bänken, engem Sockel fir de Sarg a Käerzestännere komplettéieren den Amenagement vum Raum.

D'Entrée vum Kierfecht

D'Receptiounsgebai vum Kierfecht adoptéiert eng méi funktionell architektonesch Sprooch wéi déi vun der Kapell a straalt eng staark Perséinlechkeet aus. Vun der Entrée vum Kierfecht aus gëtt direkt ee visuelle Kontakt mat der Kapell hiergestallt. Am Gebai fënnt een d'Paschtoueschzëmmer mat Garderob an engem klenge Versammlungsraum fir déi trauerend Familljen. Ënnerhalb vum Paschtoueschzëmmer befënnt sech eng gemëschte PMR-gerecht Toilette. Dës Toilette kann och wärend Eventer benotzt ginn, déi op der Plaz virum Kierfecht ofgehale ginn, wärend den Zougang zum Kierfecht zou ass. Lénks vun der Zentralachs ass d'Chambre froide, déi bis zu 9 Doudelueden, openee gestapelt, kann ophuelen. Niewendrun sinn d'Raim fir d'Technik an de Stockage. Um Enn vum Gebai wäert sech eng Waasserquell befanne fir d'Géisskanen ze fëllen. Weider fort, um héchste Punkt, si Plaze fir Containere virgesinn déi liicht zougänglech fir d'Camione sinn. Dësen Espace ka Richtung Plaz duerch eng grouss Schibedir zougemaach ginn. All d'flaach Diecher gi beplanzt.

D'Columbairen

De Programm fuerdert eng 50 zousätzlech Urnennischen, déi a successive Phase sollen installéiert ginn.

Déi éischt Phas gesäit d'Mise en place vun 30 Unitéite vir, déi op 12 Columbaire verdeelt solle ginn. All Nisch ka bis zu 4 Urnen, iwwerenee gestapelt, ophuelen.

D'Columbaire variéieren an der Héicht fir eng dynamesch Visioun vum Ganzen ofzeginn a wäerten a Gruppe vun 3 a begréngte ronnen Espace um Parvis vun der Morgue implantéiert ginn. 

All Columbaire huet säin eegenen Afferberäich a Form vun engem klenge Sockel aus Metall, deen d'Familljen appropriéiere kënnen. Déi 4 Gäert mat de Columbairen huelen d'Form vum Patio vun der Streewiss un. 

D'Kompositioun vun de Module vun de Gäert mat de Columbairen endegt an engem kreesfërmege Waasserbaseng mat Spigeleffekt, wat de Lien tëschent der Äerd an dem Jenseits symboliséiert.

D'Columbaire bestinn aus enger gemëschter Struktur mat enger Struktur aus Stol an enger Verkleedung aus Pisé baussen. D'Nische gi mat Placken aus Metall zougemaach an d'Nimm vun de Famillje sinn op dësen agravéiert. 

Baussecht Amenagementer

Een Diagnostik vum bestoende Kierfechtsbuedem weist vill verschidde Bedeckunge vir, déi duerch puer Extensioune vum Kierfecht entstane sinn. 

Fir déi baussecht Amenagementer proposéiert de Projet d'Gesamtsiicht par rapport zu de Buedembedeckungen ze harmoniséieren an d'Haaptachse vum Kierfecht mat enger Betonsbedeckung, déi anescht traitéiert gëtt, ze renovéieren.

Matérialitéit

D'Kapell, d'Columbairen an d'Entrée si mat 2 Materialie geplangt, Pisé a Metall. Si ënnerscheede sech an hirem Ausgesinn, hirer Soliditéit an hirer Haltbarkeet iwwert Zäit. De Pisé ass fragil mee heemeleg, gëtt d'Impressioun vu Soliditéit an ass d'Fruucht vun der delikater Handwierkeraarbecht. De Corten Stol ass vill méi robust a resistent géint d'Korrosioun. Dës Konfrontatioun ass op eng gewësse Manéier wéi de fragille Kierper, deen sech zersetzt an op d'Äerd zeréckkënnt an nëmmen d'Schanken, onverännerlech, hannerléisst. Betreffend dem Pisé, sti sech verschidde Konstruktiounstechnike géigeniwwer:

  • Déi massiv Maueren aus Pisé si 50cm déck (Stampflehm), mat Pottoen aus Metall. Dëse Modus ass fir déi U-fërmeg Mauer vun der Kapell geduecht. D'Dall vun der Kapell ass awer aus Bëtong mat enger Leembeschichtung op der sichtbarer Ënnersäit;
  • Gemëschte Konstruktioun aus Pisé a Bëtong. Dat neit Entréesgebai gëtt aus technesche Grënn als Duebelmauer mat enger Bëtonsmauer op der Bannensäit an enger kompaktéierter Mauer aus Pisé op der Baussesäit gebaut;
  • D'Columbairestele ginn an enger gemëschter Struktur gemaach: Metall fir d'Struktur vun der Stele an eng Ofdeckung aus Pisé fir baussen; 
  • Den Déambulatoire deen un d'Kapell ugeschloss ass, ass eng Konstruktioun aus Metall mat enger vertikaler Verkleedung a Form vu Lamellen aus Metall. 

BAUHÄR: Gemeng Koplescht 

ARCHITEKTEBÜRO: At architecture 

INGENIEURSBÜRO: Schroeder & Associés 

UFANK VUN DEN AARBECHTEN: Ufank 2024 

VIRAUSSIICHTLECHT ENN VUN DEN AARBECHTEN: November 2025