Lëtzebuergesche Pass
Modalitéiten
D'Demande fir e biometresche Pass ze kréien, kënnt Dir beim Biergerzenter vun der Gemengeverwaltung vun Ärem Wunnsëtz stellen.
Néideg Dokumenter:
- Den ofgelafene Pass oder, wann néideg, d'Identitéitskaart an eng déclaration de perte oder de vol vum Pass vun der Police grand-ducale
- D'preuve de paiement vun der Tax
Et ass net néideg eng Foto matzebréngen.
Fir sécherzestellen, datt d'Demande richteg behandelt gëtt, sidd Dir gebieden Iech viru 15:30 Auer am Biergerzenter mat der ausgedréckter preuve de paiement ze presentéieren.
Tariffer an Ausstellung
Normal Prozedur
Dauer fir d'Ausstellung : ongeféier 10 Deeg, den exakten Datum gëtt Iech bei der Demande uginn.
Adress vun der Ausstellung : D'Päss musse perséinlech am Biergerzenter um Briddel oder am Passbüro ofgeholl ginn, jee nodeem, wat bei der Bestellung vum Pass ugi ginn ass.
- Biergerzenter, 1-3 rue Nicolas Goedert, L-8133 Bridel
- Bureau des Passeports, Visas et Légalisations, 6 rue de l’Ancien Athénée, L-1144 Luxembourg
Tariffer
- 50 Euro fir e Pass mat enger Gültegkeet vu 5 Joer (fir Persounen iwwert 4 Joer)
- 30 Euro fir e Pass mat enger Gültegkeet vun 2 Joer (fir Kanner vun 0 bis 3 Joer inclus)
Acceleréiert Prozedur
Dauer vun der Ausstellung : 3 Deeg
Adress vun der Ausstellung : Bureau des Passeports, Visas et Légalisations, 6 rue de l’Ancien Athénée, L-1144 Luxembourg
Tarif
- 150 Euro (eenzegen Tarif fir eng Gültegkeet vun 2 oder 5 Joer)
Bezuelen am Viraus fir béid Prozeduren
Dës Tax muss vum Bierger bezuelt ginn, ier hien/si sech bei der Gemengeverwaltung presentéiert, op follgende CCPL-Kont (mat Vermierk "Demande passeport biométrique + Äre Familljen- a Virnumm):
IBAN : LU46 1111 1298 0014 0000
Bénéficiaire : Bureau des passeports / MAE
Code BIC : CCPLLULL
Biergerzenter
Auerzäiten
Méindes bis freides
07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00
