Skip to main content

Openthaltskaart fir e Familljemember vun engem Bierger vun der Unioun

Modalitéiten

Familljemembere vun engem Uniounsbierger, déi Drëttlandsbierger sinn, mussen eng Demande fir eng Openthaltskaart fir e Familljemember vun engem Bierger vun der Unioun (oder vun engem vun den assimiléierte Länner) maachen.

Als Familljemembere gëllen de registréierte Partner, den direkten Nokomme vum Bierger, wéi och déi direkt Nokomme vum Ehepartner (oder Partner) ënner 21 Joer oder déi ofhängeg sinn, déi direkt Ascendanten, déi vum Ehepartner (oder Partner) ofhängeg sinn. Déi eenzeg Ausnam: fir Studente sinn nëmmen den Ehepartner, registréierte Partner a Kanner als Familljememberen ugesinn.

Néideg Dokumenter

  • de gültege Pass muss am Original presentéiert ginn, (och de Visa wann dëse fir d'Arees an d'Land néideg ass),
  • de Bréif vun der Immigratiounsdirektioun deen Iech autoriséiert fir a Lëtzebuerg anzereesen (fir Länner mat Visasobligatiounen),
  • den Aschreiwungszertifikat vum Bierger vun der Unioun (oder vun engem vun den assimiléierte Länner), deen de Familljemember ophëllt, 
  • en Extrait vum "acte de mariage" oder en Zertifkat vun der registréierter Partnerschaft,
  • wann et sech ëm een Nokommen handelt: eng konform Kopie vum acte de naissance,
  • wann et sech ëm een Ascendant handelt: eng Deklaratioun vun der prise en charge maachen (kontaktéiert heifir wgl. de Biergerzenter).

Noutwennegt Format fir d'Dokumenter:

Original oder zertifizéiert Kopie déi manner wéi 6 Méint al ass. Fotoe vun den Dokumenter ginn net akzeptéiert. All Dokument, wat an enger anerer Sprooch wéi Däitsch, Franséisch oder Englesch geschriwwen ass, muss vun engem vereedegten Dolmetscher iwwersat ginn.

Biergerzenter

1-3, rue Nicolas Goedert 8133 Bridel

population@kopstal.lu

27 327 222

Auerzäiten

Méindes bis freides

07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00