Lëtzebuergesch Identitéitskaart
Modalitéiten
D'lëtzebuergesch Identitéitskaart ass obligatoresch fir all Persoun déi d'lëtzebuergesch Nationalitéit huet, generell um Lëtzebuerger Territoire wunnt, an op mannst 15 Joer al ass.
Fir déi Persounen déi am Ausland wunnen oder manner wéi 15 Joer al sinn, ass d'Identitéitskaart fakultativ.
D'Ufro fir eng Kaart kënnt Dir beim Biergerzenter vun der Gemeng areechen, dofir musst Dir Är al Identitéitskaart (oder eng Deklaratioun vun der Police datt d'Kaart verluer oder geklaut ginn ass), esou wéi eng Preuve vum Paiement vum Chancelleriestimber matbréngen.
Et ass net méi néideg eng Foto matzebréngen, déi gëtt sur place gemaach.
Fir sécherzestellen, datt d'Demande richteg behandelt gëtt, sidd Dir gebieden, Iech viru 15:30 Auer am Biergerzenter mat der ausgedréckter preuve de paiement ze presentéieren.
Tariffer an Ausstellung
Normal Prozedur
Dauer fir d'Ausstellung: ongeféier 10 Deeg, den exakten Datum gëtt Iech bei der Demande uginn
Adress vun der Ausstellung: Biergerzenter, 1-3 rue Nicolas Goedert, L-8133 Bridel
Tariffer
- 14 Euro fir eng Identitéitskaart mat enger Gültegkeet vun 10 Joer (Titulaire ab 15 Joer)
- 10 Euro fir eng Identitéitskaart mat enger Gültegkeet vu 5 Joer (Titulaire tëschent 4 a 15 Joer)
- 5 Euro fir eng Identitéitskaart mat enger Gültegkeet vun 2 Joer (Titulaire manner wéi 4 Joer)
Acceleréiert Prozedur
Dauer fir d'Ausstellung: 3 Deeg
Adress vun der Ausstellung: CTIE, 11, rue Notre-Dame L-2240 Luxembourg
Tarif
- 45 Euro (eenzegen Tarif fir eng Gültegkeet vun 2, 5 oder 10 Joer)
Bezuelung am Viraus fir béid Prozeduren
Dës Tax muss vum Bierger bezuelt ginn, ier hien/si sech bei der Gemengeverwaltung presentéiert, op follgende CCPL-Kont (mat Vermierk vum Familljen- a Virnumm):
IBAN : LU44 1111 7028 7715 0000
Bénéficiaire : TS-CE CTIE
Cartes d’identités
B.P. 1111
L-1011 Luxembourg
Biergerzenter
Auerzäiten
Méindes bis freides
07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00
