Skip to main content

Openthalt ënner 3 Méint (nëmmen am Fall vun enger Deklaratioun vun enger Adress)

Bannent 3 Aarbechtsdeeg no der Arrivée um lëtzebuergeschen Territoire, muss den Drëttlandsbierger eng "Déclaration d’arrivée d’un ressortissant de pays tiers pour un séjour jusqu’à trois mois" bei der lokaler Gemengeverwaltung maachen.

Openthalt iwwer 3 Méint

D'Bierger vun Drëttlänner musse sech bannent 3 Aarbechtsdeeg no der Arrivée um lëtzebuergeschen Territoire, bei der Gemengeverwaltung presentéiere fir eng "Déclaration d’arrivée (demande titre de séjour)" ze maachen.

Néideg Dokumenter

  • de gültege Pass muss am Original presentéiert ginn, (och de Visa wann dëse fir d'Arees an d'Land néideg ass),
  • de Bréif vun der Immigratiounsdirektioun deen Iech autoriséiert fir a Lëtzebuerg anzereesen (fir Länner mat Visasobligatiounen),

Fir Familljememberen :

  • een Extrait vum acte de marriage
  • wann et sech ëm een Nokommen handelt: eng konform Kopie vum acte de naissance

Noutwennegt Format fir d'Dokumenter:

Original oder zertifizéiert Kopie déi manner wéi 6 Méint al ass. Fotoe vun den Dokumenter ginn net akzeptéiert.

Den Dossier gëtt vum Biergerzenter virbereet a muss vum Demandeur selwer an der d'Immigratiounsdirektioun ofgi ginn. 

Biergerzenter

1-3, rue Nicolas Goedert 8133 Bridel

population@kopstal.lu

27 327 222

Auerzäiten

Méindes bis freides

07h30 - 12h00 an 13h00 - 16h00