UERDNUNG MUSS SINN
Christian Kmiotek – De Kmio spréngt aus der Këscht
A sengem One-Man-Owend schafft de Christian Kmiotek mam Publikum drun, déi aktuell Theemen anzeuerdnen, auszesortéieren, z’erklären an nei ze tässelen. Mat spatzer Zong, Niveau an Humor hëlt hien aktuell Phenomener ënnert d’Lupp: vum Alginn a vum Schwäerme vu fréier, iwwert den SUV an de Recycling, vu Verschwierungstheorien a bronge Gesellen, Dommheet an Nationalismus, bis zum alldeegleche Wansinn an der Famill an um Büro. Alles, wat de Christian Kmiotek an eiser verwurrelter Welt zum Staune bréngt a wat eis all beweegt, gëtt op d’Schëpp geholl, mol bësseg, mol nodenklech. Heiansdo spréngt hien och aus der Këscht… an déi hien dach eigentlech Uerdnung brénge wollt.
D’Dieren an d’Buvette ginn um 19.30 Auer op – Kulturhaus Koplescht.
D’Entrée kascht 15€ / Persoun.
Umelle kënnt Dir Iech bis de 17. Januar 2024 per Mail un kopstal.bridel.kultur@gmail.com andeems Dir dëse Formulaire ausfëllt an zréckschéckt: Flyer_Uerdnung muss sinn
Organiséiert vun der Kulturasbl