Skip to main content
10.06.25

Coupe scolaire 2025

Informatiounen

De Schäfferot ass frou Iech matzedeelen dass an  Zesummenaarbecht mat de Schoulenseignanten déi traditionell COUPE SCOLAIRE organiséiert gëtt, déi freides, de 20. Juni 2025 vun 13:50 bis 15:50 statt fënnt. 

Dëst Evenement gëtt vun der Sécurité Routière proposéiert a setzt sech als Zil, d’Kanner op d’Gefore beim Vëlofueren am Verkéier opmierksam ze maachen. Ausserdeem geet et och drëms fir d’Kanner un déi zimmlech schwiereg Verkéiersbedéngungen an de Stroossen um Briddel ze gewinnen. 

D’Schüler vun de Klassen am Cycle 4 wäerten un der Coupe deel huelen déi iwwert follgend Stroosse féiere wäert: rue de l’école (départ) - rue Nicolas Goedert - rue des Carrefours - rue des Hêtres - allée St. Hubert - rue de l’école - rue Nicolas Goedert - campus scolaire (arrivée)

Fir de gudden Oflaf vun der Coupe ze garantéieren, géif de Schäfferot ëm Äert Versteesdemech an Zesummenaarbecht bieden andeems Dir opmierksam a virsiichteg fuert an op eis jonk Cyclisten oppasst.