Pakt vum Zesummeliewen
Prinzip & Ziler
Den 3. Juni 2021 huet d'Gemeng Koplescht de Pakt vum Zesummeliewen a Presenz vun der Madame Corinne Cahen, Ministesch fir Famill, Integratioun a Groussregioun a vum Här Emile Eicher, Präsident vum SYVICOL , ënnerschriwwen. Dëse Pakt soll eng enk Zesummenaarbecht tëschent der Gemeng, dem Familljeministère, der ASTI an dem CEFIS erméiglechen.
D'Gemeng ass déi éischt Ulafstell fir jiddereen, deen hei am Land ukënnt oder an eng aner Lokalitéit plënnert. Domadder spillt se eng ganz wichteg Roll fir een harmonescht Zesummeliewe fir all d'Awunner.
De Plan Communal d'Intégration (PCI) ass een Instrument, wat de Gemengen erméiglecht, strukturéiert an nohalteg op ee gutt Zesummeliewen um lokalen Niveau hinzeschaffen. D'Approche fir de PCI ëmzesetzen gouf vum Ministère iwwerschafft fir de Gemengen d'Méiglechkeet ze ginn een dynamesche Prozess ze lancéieren, bei deem d'Biergerbedeelegung eng primordial Roll spillt. Dëse Prozess fänkt mat der Ënnerschrëft vum "Pakt vum Zesummeliewen" un an ass op 5 Etappen opgebaut:
- De politeschen Engagement duerch d'Ënnerschreiwe vum "Pakt vum Zesummeliewen"
- Den état des lieux fir d'Besoine vun der Gemeng z'identifizéieren
- Atelieren a Workshops fir Integratiouns-aktiounen auszeschaffen
- Duerchféierung vun den Integratiouns-aktiounen
- Auswäertung vun der Aarbecht a Plangen vun de nächste Schrëtt
D'Ënnerschreiwe vum Pakt erméiglecht eng enk Zesummenaarbecht déi op engem pluriannuellen an dynamesche Prozess baséiert an op d'Participatioun, d'Inclusioun an d'Kommunikatioun setzt.
