Skip to main content

De Buergermeeschter

D'Funktioune vum Buergermeeschter

De Buergermeeschter gëtt vum Grand-Duc aus de Membere vum Gemengerot eraus fir ee Mandat vu sechs Joer ernannt.

De Buergermeeschter dréit eng sëllege Verantwortungen, souwuel am Interessi vun der Allgemengheet, wéi och am Interessi um Gemengenniveau vun der lokaler Bevëlkerung.

Hie presidéiert de Schäffen- a Gemengerot, ass verantwortlech fir d'Ausféierung vu Gesetzer a Policereglementer, erfëllt d'Funktioune vum Officier de l'État civil, ënnerschreift d'Reglementer an d'Commande vum Gemengen- a Schäfferot, d'Publikatiounen, d'Akten an d'Korrespondenz vun der Gemeng an hien ass autoriséiert Ënnerschrëften am Aklang mat de Bestëmmunge vun engem Règlement grand-ducal ze legaliséieren.

Am Fall vun enger Absence oder enger Verhënnerung, kann hien seng Verantwortung un ee vun de Schäffen delegéieren.

Thierry Schuman 03.2023

Thierry Schuman - CSV