Wal an Zesummesetzung vum Gemengerot
Am Aklang mat der lëtzebuergescher Verfaassung, gëtt an all Gemeng am Land e Gemengerot vu sämtleche walberechtegten Awunner gewielt. All 6 Joer ginn ordinär Gemengewalen den zweete Sonndeg am Oktober organiséiert. D'Gemengeconseillere ginn dofir fir eng Dauer vu sechs Joer gewielt, ab dem 1. Januar no hirer Wal.
De Gemengerot vun der Gemeng Koplescht besteet aus follgende Memberen:
Thierry SCHUMAN (CSV) | Buergermeeschter | Briddel |
Josy POPOV (DP) | 1. Schäffen | Briddel |
Raoul WEICKER (CSV) | 2. Schäffen | Koplescht |
Romain ADAM (Är Equipe) | Conseiller | Briddel |
Maria SCHEPPACH (Är Equipe) | Conseiller | Briddel |
Patrick NEUMAN (BiergerLëscht) | Conseiller | Briddel |
Lisa EWEN (BiergerLëscht) | Conseiller | Briddel |
Claire SIMON (BiergerLëscht) | Conseiller | Briddel |
Simone HÉDO (CSV) | Conseiller | Briddel |
Jennifer BINTENER (CSV) | Conseiller | Koplescht |
Anne THOMA (DP) | Conseiller | Briddel |

(juillet 2023) d.g.à.d. : Jennifer Bintener, Patrick Neuman, Lisa Ewen, Claire Simon, Josy Popov, Thierry Schuman, Raoul Weicker, Anne Thoma, Simone Hédo, Maria Scheppach, Romain Adam (remplacé par Patrick Thill depuis mars 2024)
Funktioune vum Gemengerot
De Gemengerot versammelt sech all Kéier wann aktuell Sujeten, déi am Aufgabeberäich vum Gemengerot leien, et verlaange behandelt ze ginn. D'Sëtzunge gi vum Schäfferot aberuff a vum Buergermeeschter presidéiert.
D'Gemengerotssëtzunge sinn ëffentlech, mat Ausnamen, besonnesch wa Personalfroen involvéiert sinn.
De Gemengerot beréit iwwert all Sujet, deen him vun der iwwergeuerdenter Instanz virgeluecht gëtt, seng Haaptaufgab besteet awer doran ëmmer doran, alles ze reegelen, wat am Gemengeninteressi läit.
