Skip to main content

Designatioun an Zesummesetzung vum Schäfferot

D'Schäffe ginn aus dem Gemengerot eraus fir ee Mandat vu 6 Joer ernannt. Sou wéi och fir d’Membere vum Gemengerot, hänkt d'Unzuel u Schäffen vun der Unzuel un Awunner an der Gemeng of.

De Schäfferot vun der Gemeng Koplescht besteet aus:

  • Thierry Schuman (CSV) - Buergermeeschter
  • Josy Popov (DP) - 1. Schäffen
  • Raoul Weicker (CSV) - 2. Schäffen

De Schäfferot trëfft sech ënnert der Leedung vum Buergermeeschter, op den Deeg an Zäiten, déi am Gemengereglement festgeluecht sinn, an esou dacks wéi néideg fir dréngend Saachen ze behandelen. D’Sëtzunge vum Schäfferot sinn net ëffentlech.

Collège échevinal 03.2023

Josy Popov, Thierry Schuman, Raoul Weicker

Funktioune vum Schäfferot

D'Attributioune vum Schäfferot, déi vum Gesetz virgesi sinn, si wéi follgend:

  • d'Gestioun vun deegleche Probleemer 
  • d'Ausféierung vu Gesetzer, Dekreeter, Ordonnancen, Reglementer an Uerder vum Staat
  • d’Publikatioun an d’Ausféierung vun de Gemengerotsresolutiounen
  • d'Verwaltung vun de Gemengegebaier an dem kommunale Patrimoine
  • d'Akommesverwaltung, den Ausgabeplang an d'Iwwerwaachung vun der Gemengekeess an der Comptabilitéit
  • d'Richtung vun de Chantieren an Aarbechten an der Gemeng
  • der Emissioun vu Bau- a Lotissementsgeneemegungen
  • d'Iwwerwaachung vum Personal vun der Gemengeverwaltung
  • d'Organisatioun vun de Pompjeeën
  • d'Conservatioun vun de Gemengenarchiven
  • d'juristesch Aktiounen vun der Gemeng.

Donieft ass de Schäfferot och verantwortlech fir d’Registere vum État civil. Dofir ernennt de Schäfferot een Officier vum État civil, deen entweder de Buergermeeschter oder ee vun de Schäffe ka sinn.

Schäfferotserklärung & Koalitiounsaccord 2023-2029