Skip to main content

Konzept

De Replay ass zanter Mee 2022 dem Aline Kuffer säin treie Begleeder. Hie gouf 2 Joer bei Handi’chiens a Frankräich als „Chien d’assistance dit d’accompagnement social“ ausgebilt, a passend zu dësem Projet erausgesicht.

Momentan ass de Replay an d’Aline ee Moien an der Woch an der Briddeler Schoul, wou si Kanner mat spezifesche Besoinen ënnerstëtzen. D’Stonnenzuel wärend deene si do sinn, kann ëmmer rëm änneren, ofhängeg dovunner wéi vill Kanner fir d’Ergotherapie gemellt ginn.

Ongeféier 4 Stonnen den Dag schafft de Replay mat de Kanner. Schaffen heescht awer net ëmmer aktiv bei engem Spill hëllefen, mee heiansdo läit hien och just donieft, respektiv berouegt ee Kand, deem et villäicht net sou gutt geet. Och dëst ass immens ustrengend fir hien. No der Aarbecht ginn si dofir vill trëppelen a lafen, fir dem Stress lass ze ginn, a fir den Dag drop rëm fit ze sinn.

D’Motorik vun de Kanner steet kloer am Vierdergrond, fir déi eng individuell Prise en charge an der Schoul ugebuede gëtt. 

De Replay gëtt bei ville Spiller agesat, fir d’Kanner besser ze motivéieren. Verschidden Übungen ergi mam Mupp vill méi Sënn, sou dass all Kand u senge Schwieregkeete schafft, ouni vill driwwer nozedenken.

Och gëtt z.B. d’Empathie, d’Responsabilitéit an d’Selbstwäertgefill automatesch mat senger Presenz geschaaft. 

Dem Replay seng gréisste Stäerkt ass definitiv seng Gedold a seng Léift zu de Kanner. Hie stellt keng Uspréch, mee gëtt hinnen e séchert Gefill, dass si an hirem Rhythmus kënnen un hire Schwieregkeete schaffen. Hien ass frou mat hinnen, an akzeptéiert all Kand, sou wéi et ass.

Dir kënnt dem Replay säin Alldag op sengem Instagram Account suivéieren: replay_handichien

Kontakt 

Mme Aline KUFFER 

Ergothérapeute - ESEB (Équipe de soutien des élèves à besoins éducatifs particuliers ou spécifiques), Direktioun Regioun Mamer 

aline.kuffer@men.lu