Skip to main content

Aufgabe vum Enseignant fir Kanner mat spezifeschen a besonnesche Besoinen

Den Artikel 27 vum geännerte Gesetz vum 6. Februar 2009 iwwer d’Organisatioun vun der Grondschoul definéiert d’Missioune vum speziell ausgebilten Enseignant fir Schüler mat spezifesche Besoinen (I-EBS) follgendermoossen:

De speziell ausgebilten Enseignant fir Schüler mat spezifesche Besoinen:

  • ass verantwortlech fir d’Prise en charge vu Schüler mat besonnesche pedagogesche Besoinen, an dat andeems en eng inklusiv Demarche applizéiert 
  • stellt d’Récksprooch mam Klassentitulaire an der Équipe pédagogique sécher, déi sech ëm déi concernéiert Schüler këmmert
  • stellt den Eltere vu Schüler mat besonnesche pedagogesche Besoinen Informatiounen, wat d’Léierfortschrëtter ubelaangt, zur Verfügung
  • beréit dat zoustännegt Personal vun der Bildungs- a Betreiungsariichtung iwwer déi concernéiert Schüler
  • beréit d’Equipe-pédagogiquen, wat d’Prise en charge vun de concernéierte Schüler ubelaangt
  • koordinéiert d’Mesurë fir d’Prise en charge vu Schüler mat spezifesche pedagogesche Besoinen um Niveau vun der Schoul
  • entwéckelt eng Demarche, fir Schüler mat besonneschem Fërderbedarf ze ënnerstëtzen
  • schafft de Schoulentwécklungsplang an Ofsprooch mam Schoulpersonal an dem Personal vun der Bildungs- a Betreiungsariichtung fir Kanner aus
  • stellt d’Verbindung mat der Inclusiounskommissioun um regionalen Niveau an de Kompetenzzenteren op nationalem Niveau sécher

Kontakt

Mme Nathalie GINTER 

Enseignante, déi spezialiséiert ass an der Scolarisatioun vu Schüler mat besonneschen oder spezifesche Besoinen

nathalie.ginter@education.lu