Skip to main content

Fonctionnement

Am Laf vun der Schoulzäit gëtt Ärem Kand säi Gesondheetszoustand vun der Ligue médico-sociale iwwerwaacht. D’Ënnersichunge sinn obligatoresch a gratis. Se gi bei de Schüler vun de Cyclen 1.1, 1.2, 2.2, 3.2 a 4.2 duerchgeféiert:

  • Moosse vum Gewiicht an der Gréisst
  • Analys vun enger Urinprouf
  • Test vun der Vue
  • Iwwerpréiwung vun der Impfkaart
  • gesondheetleche Bilan vum Schouldokter
  • soziale Bilan

De Schouldokter bitt keng medezinesch Behandlungen un. Wa Beobachtunge gemaach ginn, déi eng zousätzlech medezinesch Kontroll erfuerderen, kréien d’Elteren eng schrëftlech Matdeelung, mat der Recommandatioun, hire Vertrauensdokter opzesichen. D’Feststellunge gi schrëftlech am Kand sengem Gesondheetscarnet festgehal a vertraulech behandelt. Op Ufro kënnen d’Elteren dëse Carnet um Enn vun hirem Kand senger Schoulzäit kréien. D’Ekipp vun der Médecine scolaire steet zu den Elteren hirer Verfügung fir Froen, wat d’Gesondheet souwéi déi schoulesch a sozial Integratioun vun hirem Kand ubelaangt. 

Responsabel fir d’Koordinatioun vun der Médecine scolaire an der Briddeler Grondschoul:

Mme Blanche SOISSON (médecine scolaire)

Mme Chloé TATIN (assistante sociale)