Cours d'accueil
Quoi et pour qui ?
De Cours d’accueil ass fir Schüler geduecht, déi nei zu Lëtzebuerg ukomm sinn an déi d’Sproochen, an deenen enseignéiert gëtt, net oder ganz wéineg beherrschen. D’Zil ass et, dës Kanner esou séier wéi méiglech an eng regulär Klass ze integréieren, soudatt se sech genuch Sproochekenntnisser uneegnen, fir den Unterrecht an hirer Classe d’attache kënnen ze suivéieren.
Als Schüler, deen nei zu Lëtzebuerg ukomm ass, gëllt all Schüler, deen een oder e puer vu follgende Krittären erfëllt:
- En ass grad zu Lëtzebuerg ukomm;
- En huet en Deel vu senger Scolaritéit an engem anere Land gemaach;
- En huet en Deel vu senger Scolaritéit zu Lëtzebuerg an engem anere Schoulsystem gemaach.
En huet d’Recht op en intensive Sproochecours wärend enger bestëmmter Unzuel un Unterrechtsstonnen d’Woch baussent der Classe d’attache.
Responsabel vum Cours d'accueil :
Tom JANDER · tom.jander@education.lu
Patricia STAUS · patricia.staus@education.lu
