PAG – Ëffentlechen Avis – Zweet Publikatioun
PAG – ËFFENTLECHEN AVIS
Am Aklang mam Artikel 15 vum geännerten Gesetz vum 19. Juli 2004 betreffend d’gemenglech Landesplanung an d’urbant Entwécklung gëtt matgedeelt, dass de Gemengerot vu Kopstal an senger Sitzung vum 2. Abrëll 2025 de
Projet vun der kompletter Neigestaltung vum allgemenge Bebauungsplang (PAG) vun der Gemeng Kopstal ugeholl huet.
Am Zäitraum vun der Affichage vum 9. Abrëll 2025 bis den 24. Abrëll 2025 inklusiv, läit de Projet mat de relevante Dokumenter op der Gemeng Kopstal (28, rue de Saeul, L-8189 Kopstal) zur Konsultatioun aus. De Public kann d’Dokumenter vun Méindes bis Freides tëschent 9:00 an 11:30 Auer an tëschent 14:00 an 16:00 Auer aleeën. D’Dokumenter si gläichzäiteg och op der Internetsäit vun der Gemeng Kopstal verfügbar (www.kopstal.lu). Just d’Versiounen déi op der Gemeng deposéiert goufen, gëllen als offiziell.
Geméiss Artikel 16 vum uewe genannten Gesetz, musse Reklamatioune géint de Vott vum Gemengerot, déi vu Persounen areecht goufen, déi am Aklang mam Artikel 13 vum selwechte Gesetz scho géint de PAG-Projet reklaméiert haten, un de Minister fir bannenzeg Affäre geriicht ginn – bannent 15 Deeg nom Empfang vun der Notifikatioun per recommandéiertem Bréif mat Empfangsbestätegung –, soss verfall d’Reklamatioun.
Reklamatioune géint d’Ännerungen, déi de Gemengerot um Projet virgeholl huet, mussen och bannent 15 Deeg ab dëser Affichage, dat heescht spätestens bis den 24. Abrëll 2025 inklusiv, un de Minister fir bannenzeg Affäre geschéckt ginn, soss ginn se net méi berücksichtegt.
Zoulässeg sinn déi Reklamatiounen, déi vun de Persoune kommen, déi hir Bemierkungen an/oder Beanstandunge scho geméiss Artikel 13 gemaach hunn, souwéi Reklamatioune géint d’Ännerungen, déi de Gemengerot beim Vott ugeholl huet.
Nëtzlech Dokumenter a Linker
Den Dossier consultéieren
D'Affiche
Méi liesen
alles gesinn
11.11.25
Actualités
Biergeréierung · Opruff fir Kandidaturen
03.11.25
Actualités
Biergerëmfro - Plan de développement communal (PDC)
06.10.25
Actualités
Spillplazen am Wandel – Neies aus Koplescht & Briddel
01.10.25
Actualités
Convocation Conseil Communal
28.07.25
Actualités
Summerëffnungszäiten vun der Conciergerie
10.07.25
Actualités
Schoulsak-Aktioun 2025
01.07.25
Actualités
Schoulfräi um Briddel den 2. Juli Nomëttes
25.06.25
Actualités
Héije Waasserverbrauch vum Drénkwaasser
20.06.25
Actualités
Kommunikatioun un d'Bierger - Service des eaux
10.06.25
Actualités
Coupe scolaire 2025
Affiche de 1 à 10 sur 20 éléments